En détail

Eis Kanner sinn d’Generatioune vu muer. Awer wat fir eng Roll spillen d’Kanner, wann mir u muer denken – an enger Welt, déi sech stänneg verännert? Wéi een Stellewäert huet e Kand an eiser Stad, eisem Land, eiser Gesellschaft? Kulturell Bildungsprojeten erméiglechen aus der Siicht vun de Kanner d‘Welt ze gesinn an ze weise wéi mir se kennen erhalen.
Kommt laanscht zum Optakt vun de Formida Days, loosst Iech inspiréieren vun Impulsvirtreeg an Erfarungen vum Monika Hruschka-Seyrl an dem Jeannot Schroeder an diskutéiert mat iwwer kreativ Léisungen zu den Erausfuerderunge vun haut a muer.
 
Monika Hruschka-Seyrl
Grënnerin vum Kreativzentrum «Kre:Art» zu Krems, Éisterräich
 
Jeannot Schroeder PhD
Grënner vun +impaKT an LCCE, Expert an Circular Economy

Formateurs

HRUSCHKA-SEYRL Monika

SCHROEDER Jeannot