En détail
Fro de Bauer intervenéiert elo och an der non-formaler Bildung a bitt eng 6-Stonne-Formatioun fir d’Educatiounspersonal vun de SEA fir Schoulkanner un.
D’Formatioun ëmfaasst 3 Stonnen Theorie an 3 Stonne praktesch Erfarungen um Bauerenhaff Haff um Aker zu Waldbëlleg. D’Zil vun der Formatioun ass et déi pedagogesche Kompetenzen ze stäerken an d’konkret Praxis um Bauerenhaff méi no ze bréngen. Eng innovativ a flott Geleeënheet fir d’Educatiounspersonal, nei Praktiken ze entwéckelen an hiert Wëssen ze beräicheren.
D’Formatioun fënnt Samschdes de 09.11.2024 (Theorie) an der Stad um 12 bvd Joseph II an den 23.11.2024 (um Bauerenhaff zu Waldbëlleg1, im Acker L-7634 Waldbillig) statt.
D’Participantë kennen:
– déi aktuell Situatioun an der Lëtzebuerger Landwirtschaft
– d’Basiswësse vun der Landwirtschaft,l wéi se hei a Lëtzebuerg gestalt gëtt
– de pedagogeschen Usaz fir de Kanner d’Landwirtschaft méi nozebréngen
Fäegkeeten
D’Participantë si kapabel:
– d’Basiswëssen vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft sech unzëeegnen an ze verdéiwen
– dat Geléiert un d’Schüler kënne weiderzeginn
Haltung
D’Participantë
– hu Freed un der Landwirtschaft
– trauen sech een eegene Projet ze lancéieren
Formateurs
Camilya Berriri