En détail

Den SNJ stellt d’Fräiwëllegendéngschter fir Jugendlecher am Kader vun nationalen an europäesche Programmer vir:

Fräiwëllegendéngscht
Mat engem Fräiwëllegendéngscht kënne jonk Leit sech fir ee konkrete Projet vun allgemengem Interessi engagéieren. Et ass eng Méiglechkeet, duerch praktesch Erfarungen ze léieren an sech z’orientéieren, bei där een sech fir e bestëmmten Zäitraum vollzäit engagéiert. Bei verschiddene Programmer lafen d’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg, bei aneren an engem aneren europäesche Land oder esouguer iwwert Europa eraus.

Internationale Fräiwëllegendéngscht
All Jonken am Alter vun 18-30 Joer huet d’Méiglechkeet, mindestens 1 internationale Fräiwëllegendéngscht ze maachen, egal wéi seng finanziell Situatioun ausgesäit, aus wéi engem sozialen Ëmfeld e kënnt oder wéivill Ënnerstëtzung e brauch.

D’Mataarbechter vum SNJ stellen hier Aarbecht am Kader vun den internationale Volontariatsméiglechkeete vir. Dëst beinhalt d’Begleedung vum Jonken wärend dem ganze Prozess, vun der Virbereedung bis d’Nobereedung, an donieft awer och den administrative Volet.

– Europäesche Solidaritéitscorps
Dëse Programm bitt engem jonke Mënsch en Ëmfeld, wou hien europäesch Kulture kenneléiere kann, fir datt hien Distanz zum Alldag kritt a konkret Aktiounen ënnerhuele kann, déi e wierkleche gesellschaftlechen Impakt hunn.

Dir kënnt entweder ee Volontaire aus engem aneren europäesche Land ophuelen, oder e jonken Awunner aus eisem Land bei eng Partnerorganisatioun an engem aneren europäesche Land schécken.

– Service volontaire de coopération
Den SVC gëtt jonken Awunner vu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet, mat enger lëtzebuergescher ONG bei eng Partnerorganisatioun an engem Entwécklungsland ze goen. Fir de Volontaire ass dat eng eemoleg Geleeënheet, seng Ae fir d’Welt opzemaachen, sech z’adaptéieren an z’integréieren, fir ee solidaresche Projet wäit ewech vun doheem ëmzesetzen.
Och hei bitt den SNJ dem Jonken eng Ënnerstëtzung fir eng passend Missioun ze fannen.

Formateurs

Marie Hetto