En détail
Contenu et objectifs
An der Konferenz Fräiraum fir Jonker – Jonker gestalten hire Raum geet et drëm, mat Jugendaarbechter*innen an anere Jugendacteuren de Fokus op Raum- a Plazegestaltung mat Jonken a fir Jonker ze leeën. Hei geet et virun allem ëm den ëffentleche Raum, soudass och de Kontakt mat der Gemeng thematiséiert gëtt. Mam internationale Praxisbeispill aus Rumänien soll awer och bewosst ginn, dass ee Jugendhaus komplett vu Jonke ka gestalt ginn. Duerch Presentatiounen, Workshops, Good-Practice-Beispiller an d’Table ronde sollen d’Participanten Iddie kréien fir eege Projeten an dësem Beräich ze realiséieren. Duerch den Input vun Acteuren aus ënnerschiddleche Felder solle verschidde Perspektiven op d’Gestaltung vu jugendfrëndlechen Treffpunkter wouergeholl an de Participanten eng nei Vue erméiglecht ginn.
Compétences à acquérir
• Iddie kréie fir Raumgestaltung a Plazegestaltung mat Jonken
• Haltung, dass déi Jonk aktiv participéiere sollen (vun der Iddi bis zur Ëmsetzung)
• Wëssen, wéi een ee participative Projet mat Jonken an der Gemeng opbaut
• Vernetzungskompetenz mat lokale, regionalen an nationalen Acteuren z.B. Gemeng, Jugendhaus, Projetsbegleeder*innen, SSE
• Distanz zur eegener Aarbecht duerch Praxisbeispiller vun anere Jugendacteuren aus dem In- an Ausland
Méthodes appliquées
• Presentatioun
• Praxisbeispiller (LU, RO)
• Table ronde mat aktiver Bedeelegung vun de Participanten
• World café workshops mat Themen, déi vun de Participanten generéiert ginn
Formateurs
Nadine Lepage – Jugendbureau Eislek
Nadine Linden – Anefore
Tess Malano – Jugendhaus Dudelange
Mihai Vilcea – FITT - Timiș County Youth Foundation
Catia Pereira – Service Jeunesse Differdange
Harpa Tordardottir – Nordstadjugend
Nathalie Schirtz – SNJ