En détail

Wéi gesäit eng erfollegräich Ëffentlechkeetsaarbecht aus? A wien soll sech eigentlech drëms këmmeren?
All Kéier wann eng Jugendstruktur Kontakt no baussen huet, mécht se automatesch och Ëffentlechkeetsaarbecht. All extern Kommunikatioun ass also och ëmmer eng Form vun Ëffentlechkeetsaarbecht!

D’Ëffentlechkeetsaarbecht ass net nëmmen do, fir d’Offer an d’Aarbecht vun de Jugendstrukturen no baussen duerzestellen, mee si ass och wichteg, fir d’Wäerter vun der Jugendaarbecht ze vermëttelen, a fir Lobbyaarbecht am Hibléck op d’Besoinen an d’Interessie vun Jonken ze leeschten.

An dëser Formatioun ginn engersäits d’Grondlage vun der Ëffentlechkeetsaarbecht, sou wéi den Ëmgang mat den zentralen Zilgruppe beliicht.

Iwwerdeems léieren d’Participanten ënnerschiddlech Outilen, Programmer an Instrumenter kennen, fir hir Kommunikatioun no baussen ze verbesseren:

Sozial Medien eegnen sech ganz gutt dofir – Wa se dann à jour sinn, d’Messagë gutt eriwwer kommen a kloer sinn.
Flyeren an Infoen op Pabeiere sollten och esou gestalt sinn, datt se attraktiv sinn an Interessi bewierken, feelerfräi sinn an och kee Roman, soss fléien se direkt an d’Poubelle.
Dës Formatioun soll iech dobäi hëllefen, no baussen an no bannen interessant eriwwer ze kommen an iech flott duerzestelle mat Ureegungen a verschiddene Reegele fir d’Mises à jour.

Formateurs

Jérôme Mailliet –  Directeur adjoint auprès de Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen a.s.b.l., Luxembourg

Caroll Kremer –   Directrice auprès de Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen

Valérie Ricciardi –  Graphiste  - Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen a.s.b.l.