En détail

Jugendaarbechter:innen ënnerscheeden sech duerch hiert professionellt an theoretescht Wësse vu Fräiwëllegen oder Benevollen. Allerdéngs besteet Professionalitéit net nëmmen aus Wëssen, mee och aus enger klorer Virstellung vun der professioneller Roll an Identitéit.

D’Formatioun ziilt op eng nohalteg Erweiderung vun de Fäegkeeten of, déi de berufflechen Alldag vu Jugendaarbechter:inne verbessere sollen. Diskutéiert ginn d’Grondfroe vun der Professionalitéit a vum professionellen Handelen an der Jugendaarbecht. Domat verbonne soll och der Fro nogaange ginn, wéi  ee Wëssen a wéi eng Kompetenzen d’Mataarbechter:innen an der Jugendaarbecht brauchen. D’Äntwerten heirop sinn eng wichteg Viraussetzung, fir datt d’Offere vun der Jugendaarbecht – fachlech fundéiert – geplangt, duerchgefouert an organiséiert kënne ginn.

D’Zil vun der Formatioun ass et, seng eege Professionalitéit an Handlungskompetenzen als Jugendaarbechter:in ze reflektéieren, weiderzëentwéckelen an auszebauen.

Formateurs

Jérôme Mailliet –  Directeur adjoint auprès de Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen a.s.b.l., Luxembourg

Caroll Kremer –   Directrice auprès de Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen